Programm zu Diddeleng
Hei fannt Dir Informatiounen iwwer d'Vistt vum Grand-Duc zu Diddeleng.
Dësen Horaire gëllt just als Richtlinn a kann nach änneren.
-
4
11.00
Groussherzoglechen Aperitif
Place Am Duerf - 3465 Diddeleng
-
4
12.30
Aktivitéiten an der Stad
Quartier NeiSchmelz - Place Thierry Van Werveke, 3475 Diddeleng
D'Stad Diddeleng feiert dësen historeschen Dag mat ville Concerten an Eventer. -
4
17.40
Arrivée vum Grand-Duc
Place Thierry Van Werveke - 3475 Diddeleng
-
4
17.42
Show "Diddeleng, eng Stad a Bewegung"
Place Thierry Van Werveke - 3475 Diddeleng
Eng dynamesch an inklusiv Choreografie erzielt d’Geschicht vum Süde vum Land a vun enger moderner Stad.
D'Diddelenger Equipe proposéiert en eemolegen an inklusive Spektakel wou sech Danz, Akrobatik, Freerunning, Perkussioun, Zirkus, Sprooch a verschidde Museksstiler vermëschen – dëse Spektakel gëtt vu villen talentéierte Lëtzebuerger an auslänneschen Artisten opgefouert.
Ongeféier Dauer vun der Visitt: 55 Minutten -
4
18.35
D’Fest geet weider
Place Thierry Van Werveke - 3475 Diddeleng
De ganzen Owend si Concerten op der Haaptbün an an der "Kantin".
Artistesche Programm
Eng Inzenéierung vum Sylvia Camarda & David Galassi mat:
- Eric Bintz
- EDSUN
- Joel Marques
- Luzac
- Leandro Afonso Pinto
- Dori
- Véronique Nosbaum
- Giovanni Zazzera
- Claudia Urhausen
- Maya Balam Meyong
- Anna Sophia Duquino
- Noa Wagener
- Chris Miller
- Julie Barthélémy
- Georges Maikel Pires Monteiro
- Mia Tholl
- Nico Conter
- Jerry Simon
- École régionale de musique de la Ville de Dudelange
- Cirque Zaltimbanq
- CDI Belval
- Fondation EME
- Fondation Kräizbierg
- Fondation Autisme Luxembourg
- Ligue HMC