Programm zu Maacher
Hei fannt Dir Informatiounen iwwert de Besuch vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse zu Gréiwemaacher.
Dësen Horaire gëllt just als Richtlinn a kann nach änneren.
-
4
12.30
Arrivée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse
Stadion "Op Flohr" - 5, Leitschbach, 6725 Maacher
-
4
12.32
Visitt mam Sport als Thema / Atelieren um Terrain op Flohr
Stadion "Op Flohr" - 5, Leitschbach, 6725 Maacher
D'Visitt fënnt ënnert dem Thema "Sport als Mëttel fir d'Fërderung vum Benevolat" statt. Fraen a Männer, déi sech am Benevolat, souwéi an der Fërderung vum Sport a Sportler engagéieren, stinn am Mëttelpunkt.
Ouni d'Passioun an den Engagement vun de ville Fräiwëllegen geng et keen Gemeinschaftsliewen ginn.
Ongeféier Dauer vun der Visitt: 40 Minutten
-
4
13.10
Groussherzoglecht Zesummesënn op Flohr
Stade "Op Flohr" - 5, Leitschbach, 6725 Grevenmacher
-
4
13.15
Éierewäin fir jiddereen, offréiert vun der Stad Maacher
Stade "Op Flohr" - 5, Leitschbach, 6725 Grevenmacher
Ongeféier Dauer: 60 minutes
FAQ
Wou kann ech parken ?
Denkt drun, datt keng Parkméiglechkeeten um Parking an am Quartier op Flohr sinn, dofir fiert vun 11.00 – 15.00 Auer eng Busnavette am 15 Minuttentakt. (Busgare – Ënnert der Bréck – Rue des Tanneurs – op Flohr an zeréck)