Programm zu Wooltz

Hei fannt Dir Informatiounen iwwer de Besuch vum Grand-Duc zu Wooltz.

Dësen Horaire gëllt just als Richtlinn a kann nach änneren.

  • 4

    12.00

    Ufank vum Fest « Wëllkomm zu Wooltz »

    Grand-Rue, 9530 Wooltz

    Eng eenzegaarteg interkulturell Feier wäert am Stadkär vu Wooltz stattfannen. Dëst Fest stellt d’Diversitéit an d’Gemeinschaft an de Mëttelpunkt.

    D’Groussgaass verwandelt sech an eng festlech Atmosphär am Fräie mat dem längsten iwwerdeckten Dësch vu Lëtzebuerg, wou Honnerten u Leit zesumme Plaz fannen an zesumme kënnen iessen. Net nëmmen an der Groussgaass, mee och op der Festivalsbün vum Amphitheater ginn et bis an d’Nuecht era vill Concerten, mat als musikaleschen Héichpunkt d‘Soul-Sängerinne Selah Sue a Claire Parsons.

  • 4

    12.00

    150 Meter Dësch fir d’Diversitéit ze feieren

    Grand-Rue, 9530 Wooltz

    Huelt Plaz um längsten iwwerdeckten Dësch an der Mëtt vun der Groussgaass a loosst Iech vun enger villfälteger Kiche verwinnen, preparéiert vun de lokale Restauranten.

    Den Dësch ass mat enger Napp, déi vun der “Duchfabrik” vun Esch-Sauer gewieft gouf, bedeckt an ass mat Telleren dekoréiert, déi vun de Kanner aus de Maisons Relaisen am Kader vun engem participative Summeratelier eenzel bemoolt goufen, souwéi mat raffinéierte Glieser gedeckt. Dësen Dësch spigelt eisen interkulturelle Räichtum an eis Kultur vun der Gaaschtfrëndlechkeet erëm. Dat Ganzt ass begleet vu Live-Musik an Animatioun.

    Reservéiert Är Plazen am Viraus.

  • 4

    12.30

    Public Viewing vum Grand-Duc senger Tournée

    Grand-Rue an Amphitheater vum Weeltzer Schlass, 9516 Wooltz

    Verfollegt dem Grand-Duc seng Tournée duerch d’Land op groussen Ecranen.

  • 4

    14.20

    Arrivée vum Grand-Duc

    Wooltz Schlass Amphitheater, 9516 Wooltz

  • 4

    14.22

    Visitt vum Grand-Duc a vum der Grande-Duchesse

    Wooltz Schlass Amphitheater, 9516 Wooltz

    Offiziell Begréissung vum Grand-Duc Guillaume a vum der Grande-Duchesse Stéphanie, mat enger interaktiver Videoinstallatioun an dräi musikaleschen Optrëtter.

    Ongeféier Dauer vun der Visitt: 60 Minutten

  • 4

    15.20

    D’Fest geet weider

    Amphitheater vum Weeltzer Schlass a Grand-Rue, 9516 Wooltz

    Vu 15:20 u verwandelen den Amphitheater an d’Groussgaass sech an e grousst Fest mat verschiddene Spektakelen aus der Musek- an Theaterwelt.

    Den Héichpunkt vum Owend ass de gratis Concert vun der belscher Soul- a Pop-Ikon Selah Sue, déi géint 19 Auer optrëtt a verschidde Lidder zesumme mat der lëtzebuergescher Jazzsängerin a Komponistin Claire Parsons interpretéiert.

Artistesche Programm

Artisten:

  • Cooperations & Friends
  • Carmen Luisa
  • Naomi Ayé & Band
  • Pueri Cantores

Volleksfest mat:

  • Claire Parsons
  • Selah Sue
  • Weeltzer Musik + Dj Leen & others
  • Dj Ze Edouardo
  • Lisa Junius
  • Eric Mangen
  • Cooperations Art

FAQ

Wéi kommen ech op Wooltz ?

Mir roden Iech fir den ëffentlechen Transport ze huelen (Bus, Zuch), fir an d’Ardennenhaaptstad ze kommen.

Wann dir mam Auto kommt, fuert den “P+R”-Schëlder no fir ee Parking ze fannen, dee vun de Spezialnavetten ugefuer gëtt. 

Wou kann ech parken ?

Benotzt d’”P+R”-Parkingen op verschiddene Plaze vun der Stad. Spezialnavette fueren de ganzen Dag, fir Iech op d’Fest ze bréngen.

Ass d’Fest dobaussen ?

Jo, d’Fest fënnt Open Air statt. Den Amphitheater vum Weeltzer Schlass an d'Zelter an der Groussgaass bidden en Ënnerdag wann et reent.

Léiert méi iwwer Wooltz

Méi Informatiounen

Zougang zu der offizieller Websäit vun der Gemeng